Impressum

Verantwortlech fir den Inhalt vun dëser Websäit:
Bürosysteme Krier
16, rue de la Fonderie
L-1531 Luxembourg-Hollerich

Tele: 00352 261 025 11
Service-Hotline: 00352 621 14 13 78
Fax: 00352 261 025 12
E-Mail: info@buerosysteme-krier.lu

Steiernr: 42/096/3234/9
TVA-Nr: Lu 22162313 an lu 30865705

HAFTUNGSAUSSCHLOSS

1. Inhalt vun der Onlineoffer
Den Auteur iwwerhëlt keng Garantie fir d’Aktualitéit, Richtegkeet, Vollstännegkeet oder Qualitéit vun de bereetgestallten Informatiounen. Haftungsuspréch géint den Auteur, déi sech op Schied vu materieller oder ideeëller Aart bezéien, déi duerch d’Notzung oder Netnotzung vun den duergebuedenen Informatioune bzw. duerch d’Notzung vu feelerhaften an onvollstännegen Informatioune verursaacht goufen, si grondsätzlech ausgeschloss, wa säitens vum Auteur keen noweislech virsätzlecht oder graff farlässegt Verscholde virläit. All Offere si fräibleiwend an onverbindlech. Den Auteur behält sech ausdrécklech vir, Deeler vun de Säiten oder déi gesamt Offer ouni gesonnert Ukënnegung ze veränneren, ze ergänzen, ze läschen oder d’Verëffentlechung zäitweis oder endgülteg anzestellen.

2. Verweiser a Linken
Bei direkten oder indirekte Verweiser op friem Websäiten (“Hyperlinken”), déi baussent dem Verantwortungsberäich vum Auteur leien, géif eng Haftungsverflichtung ausschliisslech an deem Fall a Kraaft trieden, an deem den Auteur vun den Inhalter Kenntnis huet an et him technesch méiglech an zoumuttbar wier, d’Notzung am Fall vu rechtswiddregen Inhalter ze verhënneren. Den Auteur erkläert heimat ausdrécklech, datt zum Zäitpunkt vun der Linksetzung keng illegal Inhalter op den ze verlinkende Säiten erkennbar waren. Op déi aktuell an zukünfteg Gestaltung, d’Inhalter oder d’Urhiewerschaft vun de verlinkte/verknëppte Säiten huet den Auteur keen Afloss. Dowéinst distanzéiert e sech heimat ausdrécklech vun allen Inhalter vun alle verlinkte/verknëppte Säiten, déi no der Linksetzung verännert goufen. Dës Feststellung gëllt fir all bannent den eegenen Internetoffere gesate Linken a Verweiser esouwéi fir Friemanträg a vum Auteur ageriichten Gäschtbicher, Diskussiounsforumen, Linkverzeechnesser, Mailinglëschten an an allen anere Forme vun Datebanken, op där hiren Inhalt extern Schreifzougrëffer méiglech sinn. Fir illegal, feelerhaft oder onvollstänneg Inhalter a besonnesch fir Schied, déi aus der Notzung oder Netnotzung vun esou duergebuedenen Informatiounen entstinn, haft eleng den Ubidder vun der Säit, op déi verwise gouf, net deejéinegen, deen iwwer Linken nëmmen op déi jeeweileg Verëffentlechung verweist.

3. Urhiewer- a Kennzeecherecht
Den Auteur ass bestrieft, an alle Verëffentlechungen d’Urhiewerrechter vun de verwente Biller, Grafiken, Toundokumenter, Videosequenzen an Texter ze beuechten, vun him selwer erstallt Biller, Grafiken, Toundokumenter, Videosequenzen an Texter ze notzen oder op lizenzfräi Biller, Grafiken, Toundokumenter, Videosequenzen an Texter zeréckzegräifen. All bannent der Internetoffer genannt a ggf. duerch Drëtt geschützt Marken- a Wuerenzeechen ënnerleien onageschränkt de Bestëmmunge vum jeeweils gültege Kennzeecherecht an de Besëtzrechter vun de jeeweilegen agedroenen Eegentemer Eleng opgrond vun der blousser Nennung ass net de Schluss ze zéien, datt Markenzeechen net duerch Rechter vun Drëtte geschützt sinn! D’Copyright fir verëffentlecht, vum Auteur selwer erstallt Objete bleift eleng beim Auteur vun de Säiten. Eng Vervillfältegung oder Verwendung vun esou Grafiken, Toundokumenter, Videosequenzen an Texter an aneren elektroneschen oder gedréckte Verëffentlechungen ass ouni ausdrécklech Zoustëmmung vum Auteur net erlaabt.

Eis Dateschutzerklärung kënnt Dir hei agesinn.

Allgemeng Geschäftsbedéngungen
Déi jeeweils gülteg Versioun vun eisen Allgemenge Geschäftsbedéngunge steet Iech op dëser Plaz zur Verfügung.